HAM, FRITTEN & ZALDOT

HAM, FRITTEN & ZALDOT

#184 Trëppelt Lëtzebuerg op d'Brems?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'EU-Ausseministere waren zu Lëtzebuerg op Besuch an hate vill ze beschwätzen: Ukrain, Iran, Palästina. Ausserdeem: Ass de Luc Frieden, wéi d'Oppositioun fënnt, a Punkto Europäesch Finanz-Kontrollautoritéit wierklech e "Bremser"?

#183 An d'Nummer 1 geet un...

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Leschte fir d'Europawahlen Ufank Juni sinn deponéiert a vir d'Parteie geet et esou lues an déi decisiv Phase. Ausserdeem: en DP-Kandidat sammelt op sengem Site Donnéeë vu Wieler a Wielerinnen, an d'Pecherten an der Stad dierfen elo nach méi Protokolle verdeelen.

#182 A mir rudderen zeréck

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Premierminister Luc Frieden huet missen a Punkto Atomenergie zeréckrudderen an huet domat de Frust vum Koalitiounspartner op sech gezunn. D'Jugendorganisatioun vun de Liberale steet allerdéngs zum Premier. Ass dat Opportunismus oder Ideologie? Ausserdeem: de Google Data Center ass zréck an de Drama vu Lausduer kritt e weidert trauregt Kapitel.

#181 Nächste Kéier!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Fir d'Futtballnationalekipp vun de Männer geet den EM-Dram a Georgien op en Enn. Mir schwätzen doriwwer a firwat d'Zukunft vun der Ekipp trotzdeem éischter positiv ausgesäit. Ausserdeem: Hacker leeë Site vum Staat a vu lëtzebuergeschen Entreprisë lahm an de Premier huet Atom-Iddien.

#180 E Mann well déi komplett Kontroll

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Premierminister Luc Frieden gëtt och nach Präsident vu senger Partei. Firwat mécht hien dat? Kann en do iwwerhaapt vill Aarbecht rastiechen? An ass déi nei Féierungsetage vun der CSV en taktesch clevere Coup? Ausserdeem: e Bléck op d'Sozialwalen an op d'Kongresser vun ADR, LSAP an Déi Gréng.

#179 A nach en Twist!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

No Oppositioun an Zivilgesellschaft leet sech elo d'Procureure générale Martine Solovieff mam Léon Gloden un. Bléiwen effektiv ronn 1200 Enquêten am Justizsystem léien, well Beamte mussen d'Heescheverbuet duerchsetzen? Ausserdeem: D'Partei Fokus an hire Grënner Frank Engel buddelen sech an der Affär Semedo ëmmer méi en déift Lach, an e Bléck op d'Oscars gëtt et natierlech och!

#178 Ich mach mir die Welt, wie sie mir gefällt..

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mat senger Ausso, Heescherte géife moies an der Stad aus "décke Limousinne mat belsche Plaquen" gelooss ginn, huet de Léon Gloden d'Diskussiounen ëm d'Heescheverbuet am Wanter mat op d'Spëtzt gedriwwen. Elo stellt sech eraus: Beleeë kann den Inneminister déi Ausso iwwerhaapt net. Ausserdeem: d'Monica Semedo geet fir Fokus an d'Europawahlen an de Claude Meisch iwwersteet säi Skandälche bis elo ouni Schued.

#177 De Wee ass fräi fir de Kapitän Angel

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Amplaz mat enger Superwahllëscht an d'Europawahlen ze goen, bléift fir d'LSAP nach den "natierleche" Spëtzekandidat Marc Angel. Kann dat gutt goen? A wéi eng Chance ass dat fir déi jonk LSAP-Politikerinnen a -Politiker? Ausserdeem: Déi weltwäit Noriichtelag ass düster. Wat mécht dat mat engem, wann een an de Medie schafft?

#176 Vu Reprochen a Kläppereien

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eng jonk Fra erhieft Reprochë géint de Minister Claude Meisch. Deen dementéiert alles a beim Parquet läit keng Plainte fir. Vill Damp, kee Feier? Mir schwätzen iwwer d'Affär Meisch an iwwer d'Standarden, déi Medie beim Beriichten iwwer esou Fäll sollte virun Aen hunn. Ausserdeem: den Inneminister stellt der Stad Polizisten aus anere Gemengen zur Verfügung an déi si net glécklech doriwwer.

#175 Eng kloer Ausso, 4 Wochen ze spéit

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et huet laang - ze laang - gedauert, mee d'Regierung seet endlech: déi einfach Heescherei soll net kriminaliséiert ginn. Hätten sech Frieden, Gloden a Margue eng Rëtsch Kritik kenne spueren, wann se dës mënschlech Ausso scho virun enger Réi Woche gemaach hätten? Ausserdeem: Ginn d'Baueren och zu Lëtzebuerg geschwënn op d'Strooss? A wat geschitt mat Christophe Hansen, dem designéierten EU-Kommissär, no den Europawahlen?

About this podcast

Méi Lëtzebuerg geet net. Den extrem seriö'en Podcast vum Pierre Jans a vum Matthias Kirsch.

by Pierre Jans, Matthias Kirsch

Subscribe

Follow us