HAM, FRITTEN & ZALDOT

HAM, FRITTEN & ZALDOT

#175 Eng kloer Ausso, 4 Wochen ze spéit

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et huet laang - ze laang - gedauert, mee d'Regierung seet endlech: déi einfach Heescherei soll net kriminaliséiert ginn. Hätten sech Frieden, Gloden a Margue eng Rëtsch Kritik kenne spueren, wann se dës mënschlech Ausso scho virun enger Réi Woche gemaach hätten? Ausserdeem: Ginn d'Baueren och zu Lëtzebuerg geschwënn op d'Strooss? A wat geschitt mat Christophe Hansen, dem designéierten EU-Kommissär, no den Europawahlen?

#174 E Premier géint d'ganz Welt

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Luc Frieden ass net frou. Mat der lëtzebuergescher Press, déi hie wéinst dem Heescheverbuet net mat Rou léisst. Mat der auslännescher Press, bei där hie Saache gesot, awer net sou gemengt huet. Dréckt sech do een aus der Verantwortung? Ausserdeem: Lëtzebuerg huet seng Kandidatin fir de Eurovision Song Contest.

#173 Habemus Oswald

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Grad wou mer gemengt haten, am Dschungel vun de juristeschen Onsécherheete géif ni méi d'Sonn schéngen, lant e Procureur. D'Heescheverbuet huet also wuel keng juristesch Grondlag - mee d'Diskussioun ass domat nach laang net eriwwer. Ausserdeem: de Jean Asselborn geet an d'Pensioun an net an d'Europawahlen, a fir en CSV-Politiker kéint d'Spëtzekandidatur vum Nicolas Schmit nach eng schlecht Nouvelle ginn.

#172 Schnéifräi?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Land geet am Schnéi ënner, d'Stad an de Polizisten, déi d'Heescheverbued ëmsetze sollen. Zënter e Méindeg ass déi nächst Phase vum ëmstriddene Gesetz amgaangen. Goufe scho Leit protokolléiert? Wat kascht dat? A wat, wann dee Protokoll net ka bezuelt ginn? Ausserdeem: Den Nicolas Schmit schéngt Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialiste fir d'Europaparlamentswalen ze ginn.

#171 Gloden vs Tonnar

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Inneminister Léon Gloden mengt ze wëssen, wien d'Verantwortung dréit fir de Vandalismus u sengem Haus: d'Lëtzebuergesch Kulturzeen. Déi hat et gewot, den Här Affekot fir seng Decisiounen ze kritiséieren! Ausserdeem: de Premierminister Luc Frieden huet a sengem éischten Neijoerschinterview vill iwwert seng Vue op de Klimawandel verroden.

#170 Ciao for now!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

A schonn ass nees e Joer ëm. An der leschter Episod vum Joer schwätze mir iwwert d'Heescheverbuet an der Stad a kucken op déi politesch a medial Evenementer vum Joer 2023 zréck. Et geet ëm Walen, Mëttelfanger a Futtball - a natierlech ginn et nach Musik- a Podcastrecommandatiounen fir de Schluss vum Joer (oder de wäite Wee zréck op Lëtzebuerg).

#169 An der Keelt

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Wanter ass do a fir de neie Policeminister heescht dat: Zäit fir Heescherten aus der Stad ze geheien. De Leon Gloden huet d'Decisioun vu senger Virgängerin Taina Bofferding, de Stater "Platzverweis" net z'approuvéieren, réckgängeg gemaach. Ausserdeem: de längste Streik zu Lëtzebuerg zënter 30 Joer a den Ufank vum lëtzebuergeschen Eurovision Song Contest-Marathon.

#168 Nei Käpp, al Diskussiounen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Déi nei Regierung steet. Mat gréisstendeels bekanntem Personal, mee awer e puer Iwwerraschungen. Ausserdeem: Wat war mam Koalitiounsaccord lass? An: Musek vu Lëtzebuerg - Cosmokramer!

#167 De Premier seet: Näischt.

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Stellt Iech vir, et wier Pressekonferenz, mee kee seet eppes! E bëssen d'Gefill, wat déi éischt Woche vum Luc Frieden senger Regentschaft zu Lëtzebuerg hannerloossen. Nach kéinten d'Gremie vun CSV an DP sech queesch stellen - gutt, datt déi dem Koalitiounsaccord mussen zoustëmmen, ier se en dierfe liesen...

#166 Zu Senneng gëtt op den Turbo gedréckt

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Bis Enn nächster Woch wëllen CSV an DP duerch si mat hire Koalitiounsverhandlungen. E strammen Zäitplang, mee - wann een dem zukünftege Premier wëll gleewen - dann si sech déi zwou Parteie jo am grousse Ganzen eens. Bis op d'Posten, mee doriwwer schwätze mer (nach) net. Ausserdeem: de neie Beatles-Song an d'Oppositioun, déi sech waarm mécht.

About this podcast

Méi Lëtzebuerg geet net. Den extrem seriö'en Podcast vum Pierre Jans a vum Matthias Kirsch.

by Pierre Jans, Matthias Kirsch

Subscribe

Follow us